Freelance Enquêteuren w/m - Ref: 20-06
Campus Belval , 11, Porte des Sciences, L - 4366 Esch-Sur-Alzette , Luxembourg
Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER)
sicht
FREELANCE ENQUÊTEUREN w/m
Op Ufro vu nationalen an internationalen Institutiounen ass de LISER domat beoptraagt, Ëmfroe bei Privatstéit zu Lëtzebuerg duerch ze féieren.
Är Missioun:
Kontakt mat ausgewielte Persounen ophuelen an d’Ëmfro mat hinnen perséinlech, iwwer Computer realiséieren.
Äre Profil:
• Freed a Wuelbefannen um Kontakt mat Leit
• Iwwerzeegungskraaft, Gedold, Fäegkeet nozelauschteren
• Eng gutt Allgemengbildung, esou wéi eng gutt Presentatioun
• Pünktlechkeet, Flexibilitéit, Dynamik
• Obligatoresch 2 Landessprooche schwätzen (Lëtzebuergesch a Franséisch), all aner Sprooch ass vu Virdeel
• Idealerweis am Besëtz vu Führerschäin an Auto sinn fir sech bei d’Leit ze deplacéieren
Mir proposéieren Iech en Kontrakt mat « Freelance » Statut. Dës Aarbecht ergänzt sech ideal mat Situatiounen wéi z.B.:
Pensionär, Hausfra/mann, Hallefdaags-oder Schichtaarbecht.
Wann Dir intresséiert sidd, postuléiert w.e.g. online via: https://jobs.liser.lu/jobs oder
via E-Mail: recruitment@liser.lu oder schéckt Är Demande per Courrier (Motivatiounsbréif, CV, Foto) un:
LISER
A l‘attention de M Thierry KRUTEN
Maison des Sciences Humaines
11, Porte des Sciences
L-4366 Esch-sur-Alzette
Eng éischt Selektioun gëtt op Basis vun den Dossiers'en geholl.