Odoo CMS - a big picture

Enquêteurs (h/f) - Ref : 19-02

Campus Belval , 11, Porte des Sciences, L - 4366 Esch-Sur-Alzette , Luxembourg

LISER (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research) sicht

Enquêteuren (m/w)

  • Réf 19-02

  • 20 Stonnen

  • 3 – 6 Méint

Op Ufro vun nationalen an internationalen Institutiounen ass de LISER domat beoptraagt, Ëmfroe bei Privatstéit zu Lëtzebuerg duerch ze féieren.

Dir sidd maassgeeblech um Succès vun eisen Enquêten bedeelegt, déi der Fuerschung nëtzlech sinn, an ënner anerem der Orientéierung vun de verschiddenen Regierungspolitiken déngen.

Är Missioun :

Nodeems Dir forméiert gi sidd, Ass et Är Missioun Kontakt mat ausgewielte Persounen opzehuelen an d’Ëmfroe mat dëse Leit doheem duerch ze féieren.

Dir interviewt d’Persounen, sammelt d’Donnéeën an enregistréiert hir Äntwerten op engem Laptop, deen Iech zur Verfügung gestallt gëtt. 

Dir haalt Ären perséinlechen Superviseur reegelméisseg iwwer den Progrès vun Ärer Aarbecht um Lafenden.

Dir sidd autonom an Ärer Organisatioun an an der Gestioun vun Ärem Agenda, an Dir hutt déi néideg Iwwerzeegungskraaft an Gedold fir d’Rendezvousen ze kréien, déi fir

d’Erreechen vun den Ziler noutwenneg sinn. 

Iwwert LISER :

De LISER ass e staatlech finanzéiert Fuerschungsinstitut, dat a Lëtzebuerg situéiert ass an der applizéierter empirescher Fuerschung an den Wirtschafts- a

Sozialwëssenschafte consacréiert ass. D’Interdisziplinaritéit ass dobäi e Schlësselelement fir d’wëssenschaftlech Innovatioun ze stimuléieren. D’Institut zitt déi bescht

Fuerscher aus der ganzen Welt un, an d’Formatioun vun Studenten vun avancéiertem Niveau ass e wichtegen Deel vun den Aktivitéiten vum Institut. Op Basis vu senger

wëssenschaftlecher Expertis an sengem akademeschen Ruff äntwert d’Institut op aktuell a zukünfteg gesellschaftlech Erausfuerderungen a liwwert relevant an onofhängeg

strategesch Berodung, an dat um nationale Plang ewéi och op engem europäesche Niveau. D’wëssenschaftlech Produktioun gëtt net nëmmen reegelméisseg an « peer-

reviewed » Zäitschrëften a Bicher publizéiert, mä och a Form vu populären Artikelen mam Zil e méi breet Publikum ze erreechen. (www.liser.lu).

Äre Profil :

Mat Ärer gudder Allgemengbildung, Ärer Freed um Kontakt mat Leit an Ärer Fäegkeet nozelauschteren, fillt Dir Iech wuel am Ëmgang mat Persounen aus allen sozio-professionellen Milieuen.

Dir schwätzt obligatoresch Lëtzebuergesch a Franséisch. All aner Sprooch ass vu Virdeel.

Fir d’Interviewgespréicher duerchzeféieren, deplacéiert Dir Iech bei d’Leit – Dir hutt dofir de Führerschäin an en Auto.

Dir hutt eng gutt Presentatioun an hannerloosst bei den Persounen déi Dir interviewt e positiivt Bild vun eisem Centre.

Postuléiert w.e.g. online via : https://jobs.liser.lu/jobs 

oder schéckt Är Demande (Motivatiounsbréif, CV, Foto) un :

LISER

A l’attention de Maxime DI BLASI

Maison des Sciences Humaines

11, Porte des Sciences

L-4366 Esch-sur-Alzette

Oder via E-Mail : recruitment@liser.lu 


All Bewerbunge gi gläich a vertraulech behandelt.